D'K-Pop-Band BTS soll 2025 erëm zesummen op der Bün stoen.

Lauschtert hei déi ganz Musek News!

Am August 2022 ass fir Millioune Fans eng Welt zesummegebrach. De südkoreanesche Staat huet d'Urteel gesprach, dass déi 7 BTS-Memberen hire Militärdéngscht mussen untrieden. Doropshin huet hire Management d'Decisioun geholl, dass d'Band eng Auszäit mécht, fir hire Flichten nokomme kënnen. Schonn dräi vun de siwe Memberen hunn déi 18 bis 21 Méint Militärdéngscht absolvéiert. Och den RM, Jimi, V an den Jungkook wäerten elo nozéien.

Elo ginn et awer Comeback-Hoffnunge fir d'Fans. Wéi de BTS-Label Bighit Entertainment elo bekannt ginn huet, sollen déi 7 Museker een neie Kontrakt mat hinnen ënnerschreiwen. Vun 2025 un solle BTS deemno erëm zesummen op der Bün stoen an nei Musek erausbréngen. An deenen nächste Méint wéilt een zesumme mat der Band genee ausschaffen, wéi et an Zukunft weidergeet, heescht et weider. Dass d'Virfreed bei de Fans enorm ass, beweist, dass op X elo esouguer een Account mat engem Countdown opgetaucht ass.