E Freide goufen déi éischt grouss Headliner um Line-Up vum Southside an Hurricane Festival bestätegt!

Lauschtert hei alleguer d'Musek News!

Vum 21. bis den 23. Juni 2024 kann een op den Zwillingsfestivals zu Scheeßel an Neuhausen ob Eck déi véier Top-Acts Ed Sheeran, K.I.Z, Bring Me The Horizon an Avril Lavigne live erliewen. Nach besser: Dräi vun de véier Acts kann ee soss op kengen anere Festivals an Däitschland erliewen. Den Ed Sheeran spillt eng exklusiv Festival-Show, K.I.Z an d'Avril Lavigne spillen esouguer exklusiv Däitschland-Shows. Weider Acts sollen a kuerzer Zäit bekannt ginn.

All Joers kommen iwwer 60.000 Visiteur*innen op de Southside Festival zu Neuhausen ob Eck (Baden-Württemberg). Den Hurricane Festival zu Scheeßel (Niedersachsen) huet esouguer eng Capacitéit vun iwwer 80.000 Persounen. Tickete fir 2024 kritt ee vun 239€ (Hurricane), respektiv 259€ (Southside) un.