Den Jason Kelce huet säi Brudder rekrutéiert, fir en Deel vum Album "A Philly Special Christmas Special" vu senger NFL-Ekipp Philadelphia Eagles ze sinn!

Lauschtert hei d'Musek News!

An enger rezenter Episod vun hirem Podcast 'New Heights' haten déi zwee American-Football-Spiller schonn annoncéiert, dass den Travis seng Stëmm fir den Duo mam Jason hierginn hätt. An dobäi spillt den Travis u sech fir d'Kansas City Chiefs. Op där offizieller Instagram-Säit vum Album heescht et: "Philly, are we going to let a Chief steal the show? No way...but we are going to enjoy the newly reimagined single, Fairytale of Philadelphia by Jason & Travis Kelce."

De ganzen Album "A Philly Special Christmas Special" kënnt den 1. Dezember eraus. Dësen huet den Jason Kelce an Zesummenaarbecht mat senge Philadelphia-Eagles-Team-Kolleegen Jordan Mailata a Lane Johnson a Kollaboratioun mam Patti LaBelle realiséiert.