
© Paul ELLIS / AFP
De Eurovision Song Contest huet annoncéiert, dass 'United By Music' och an Zukunft de Slogan fir den ESC bleiwe wäert!
Zanter 2002 gouf et fir all Event eng aner Tagline. Déi eenzeg Ausnam war d'Joer 2009 an deem et guer keng gouf. Fir d'Editioun vun dësem Joer hat d'BBC de Slogan "United By Music" kreéiert. An dëse wäert dem Eurovision Song Contest op allefalls emol fir déi nächst Zäit erhale bleiwen. An engem Statement deelt d'European Broadcasting Union mat: "The legacy of Liverpool's good vibes lives on - with 'United By Music' set to resonate from Merseyside to Malmö and well beyond." Laut der EBU géif de Slogan d'Kraaft vun der Musek erëmspiggelen, fir Mënschen aus där ganzer Welt zesummenzebréngen. Et hätt een d'Décisioun getraff 'United By Music' bäizebehalen, fir "continuity and consistency for future ESCs" ze schafen.
2024 fënnt de Eurovision Song Contest zu Malmö a Schweden statt. No 30 Joer ass och Lëtzebuerg d'nächst Joer erëm mat dobäi. Nodeems ganzer 459 Lidder fir déi national Preselektioun erakomm waren, gëtt den 1. Dezember bekannt, wéi eng Acts sech fir d'Final de 27. Januar an der Rockhal qualifizéieren.