Vum 6. bis den 9. Juni 2024 fënnt déi 4. Editioun vun de Francofolies Esch/Alzette statt! Elo sinn déi éischt Nimm vum Line-Up bekannt ginn.

Lauschtert hei d'Musek News!

D'Francofolies sinn aus der Loscht entstanen, fir de Multiculturalisme hei zu Lëtzebuerg ze feieren an déi enorm divers franséisch-sproocheg Kultur an Zeen ze setzen. An där magescher Ambiance vum Parc Gaalgebierg an de Concertshaiser an der Ëmgéigend, erwaart de Public eng onvergiesslech Festival-Experience mat Musek, Party a villen Emotiounen.

Line-Up

Elo hunn d'Francofolies Esch/Alzette déi éischt Nimm vum Line-Up fir 2024 annoncéiert. Mat dobäi si jonk Newcomer*innen, al bekannte Gesiichter hei zu Lëtzebuerg an ee vun den allergréisste Weltstars!

Freides de 7. Juni 2024
Den Opening-Dag steet am Zeeche vun Urban an Hiphop. Mat dobäi ass ënnert anerem de franséische Rapper Ninho. Hien ass deen éischte franséische Museker deen iwwer 200 zertifiéiert Singles huet. Ausserdeem stinn Tiakola, Luidji, J9ueve oder Baby Volcano op der Affiche.

Samschdes den 8. Juni 2024
Deen zweete Festival-Dag steet méi am Zeeche vum Rock a vun elektronescher Musek. Hei erwaarden iech Nimm ewéi Meute, Zaho de Sagazan, Ascendant Vierge, Apashe, Ko Ko Mo, Bagarre, Black Lilys oder Tiken Jah Fakoly. Och wäerte Shaka Ponk mat hirer Ofschidstournée Statioun zu Esch maachen. Headliner vum Samschden ass en ale bekannten: No sengem Set dëst Joer um City Sounds um Glacis kënnt de belschen DJ Lost Frequencies nämlech fir d'Francofolies zeréck op Lëtzebuerg!

Sonndes den 9. Juni 2024
6 Joer no sengem leschten Optrëtt hei am Land, wäert den David Guetta de Parc vum Gaalgebierg sonndes komplett eskaléieren doen! Dee selwechten Dag kommen ausserdeem l'Impératrice, Olivia Ruiz, Mentissa, Santa a Julien Granel op Lëtzebuerg.

D'Programmatioun gëtt an deenen nächste Woche komplettéiert.

Ticketen

Vun elo un ass och d'Billetterie fir d'Francofolies Esch/Alzette 2024 op! Aktuell kann een nach vum Early-Bird-Tarif profitéieren, deen awer just limitéiert disponibel ass. Ausserdeem ginn et Festival-Päss fir déi 3 Deeg, Dagesticketen an och Billets "coupe file". Online kann een sech och Plaze fir d'Spektaklen an der Kulturfabrik an am Escher Theater sécheren. Nei dëst Joer ass den Traif Jeune.

Fabrik des Francofolies

Mat der Ënnerstëtzung vun der SACEM Luxembourg, Kultur | lx an der Kulturfabrik engagéieren d'Francofolies sech och d'nächst Joer fir opstriewend lëtzebuergesch Artist*innen mat engem Projet op Mooss ze begleeden. An enger Residenz gëtt zesumme mat Professionellen aus dem Secteur an de Beräicher Danz, Gesang, Bün a Karriär geschafft. 2022 konnte Bartleby Delicate an de Maz vun der FrancosFabrik profitéieren, d'lescht Joer waren et Pleasing an The X. Dës Acts sinn duerno och op de Festival-Line-Up komm an haten deelweis esouguer d'Chance op de Partner-Events am Ausland ze spillen.

D'Kandidature fir d'Fabrik vun de Francofolies si vun elo un op!

Aftermovie 2023