No U2 soll d'Sängerin 2024 zu Las Vegas an der Sphere spillen.

Lauschtert hei d'Musek News!

Am Oktober ass dem Beyoncé seng "Renaissance Tour" op en Enn komm. Elo soll hatt schonn seng nächste Live-Shows plangen. Dat zu Las Vegas an der neier MSG Sphere. Wéi d'New York Post bericht war d'Sängerin scho mat senger Mamm a Managerin Tina Knowles a sengem Mann Jay-Z op der Plaz fir sech d'Hal unzekucken. Am Gespréich mat de Responsabelen ass dann iwwert eng Büne-Show fir ronn 9,2 Milliounen Dollar geschwat ginn.

Bis Februar 2024 spillen U2 hier "U2:UV Achtung Baby" Show an der neier Hal. Nieft dem Beyoncé waren och nach aner Museker am Gespréich fir d'Band dono ofzeléisen. Dorënner de Bon Jovi, de Paul McCartney an d'Lady Gaga.

Bei der leschter Show vu senger Renaissance-Tour huet d'Beyoncé den Trailer vu sengem Concertsfilm ofgespillt. De Film kënnt den 1. Dezember an d'international Kinoen.