New Music Friday mat neier Musek aus Lëtzebuerg!

Lauschtert hei d'Musek News!

De lëtzebuergesche Kënschtler Edsun huet elo seng nei Single "Finally Alive" erausbruecht. Dëse Song huet hien och fir den nationale Virentscheet vum Eurovision Song Contest 2024 agereecht. Am Track reflektéiert den Edsun iwwert säi Wee als Museker a Performer a stellt fest, dass keng Persoun op dëser Welt seng ënnerlech Motivatioun stoppe kann, fir dat Onméiglecht méiglech ze maachen. "Finally Alive" ass zesumme mat de Songwriter Jana Bahrich (Francis of Delirium) a Sergio Manique entstanen.

"Today I know that where I’m at right now is the continuation of the future I was creating in my head when I was this seven years old. But I also know today that my future is a surprise too and that it can actually surpass my imagination", seet den Edsun an engem Statement.