
© Andrew Allcock
De Line-Up steet emol nach net fest, mee den ikonesche Festival an der südwestenglescher Grafschaft Somerset ass scho komplett sold out!
57 Minutten nom Start vum Virverkaf waren alleguer d'Tickete fir de Glastonbury 2024 scho fort. Dat huet d'Organisatioun vum Festival elo op X matgedeelt. Iwwer 200.000 Leit hunn also ronn 355 Pond, ëmgerechent 405 Euro, fir e Pass fir déi fënnef Deeg ausginn. Fir déi déi eidel ausgaange sinn, gëtt et awer nach eng weider Chance un Ticketen ze kommen: Am Fréijoer gi stornéiert Ticketen nach eng Kéier an d'Vente!
Wéi eng Stars vum 26. bis den 30. Juni 2024 um Glastonbury Festival wäerten optrieden ass bis elo nach net bekannt. Dat gëtt traditionell réischt nom Virverkaf annoncéiert. Eng vun den Organisatricen hat viru Kuerzem ugekënnegt, dass schonn "eng international Kënschtlerin gebucht wier". An de leschte Joer si reegelméisseg déi ganz grouss Topstars opgetrueden. Dëse Summer hat zum Beispill den Elton John um Festival säin allerleschte Concert a Groussbritannien gespillt.