D'Kënschtlerin kënnt 2024 bei eis an d'Géigend.

U sech sollt dem Nicki Minaj säi 5. Studio-Album "Pink Friday 2" de 17. November eraus kommen. De Releasedatum ass awer dunn op den 8. Dezember, dem Nicki Minaj säi Gebuertsdag verréckelt ginn. Trotzdeem kënnen sech d'Fans elo schonn op Neiegkeete freeën. D'Sängerin huet nämlech seng Tour fir de neien Album ugekënnegt.

2024 wäert hatt a 40 Stied optrieden. Dorënner och bei eis an der Géigend zu Paräis, Amsterdam, Berlin a Köln. D'Datumer fir d'Concerte stinn awer nach net fest. Fir méi Informatiounen an Tickete kann een sech awer elo schonn online umellen.