Um Freide Moien huet den Justin Timberlake seng nei Single "Filthy" erausbruecht. Den Album kennt den 2. Februar. 16 Lidder wäerten um Album drop sinn.
"1 of 4" hat den Justin Timberlake am Virfeld vum Release vu senger neier Single "Filthy" gepost. Do dierf ee gespaant sinn, wat d'Punkten 2,3 a 4 wäerte sinn. Vläicht den Album "Man of the Woods", deen den 2. Februar erauskënnt, eng Tour a säin Optrëtt beim Super Bowl, de 4. Februar?
Oder dach awer nach 3. aner Videoen, déi lo wuel all Freiden, virum Release vum Album komme sollen?
Den 1. Deel ass op alle Fall e Song, deen een, wéi hie schreift, gutt haart lauschtere muss. "Filthy" ass e futuristeschen Dance-Song mat modernem Electric Funk. Et ass den éischte Song vum neien Album "Man of the Woods". Geschriwwe gouf d'Lidd ënnert anerem vum Timbaland an dem Justin Timberlake selwer.
Eise Musekschef, de Serrig erënnert de Song mat Momenter u "Sexy Back" vum Justin Timberlake mat Splitter vum Prince an dem Michael Jackson dran.
Passend zum Song ass och e Videoclip erauskomm. Am Joer 2028 steet den Justin Timberlake, dee mat sengem Dress un de Steve Jobs erënnert, zu Kuala Lumpur op der Bühn. Duerno kennt da säi Roboter-Schützling op d'Bühn an iwwerhëlt den Dance Part.
Hei d'Lidder vum Album:
De Song "Morning Light" feat. A.K wäert mam Alicia Keys sinn. Den anere Kierzel C.S, steet wuel fir de Chris Stapleton.