En Donneschdeg ass Welt-Down-Syndrom-Dag – an deem Kader huet eng Grupp vun Elteren elo ee Video online gesat

Hei sinn lauter Kanner mat Down-Syndrom ze gesinn, déi zesummen um Queen-Hit „Don’t Stop Me Now“ sangen, danzen a Loftgittar spillen.  De Video gouf ënnert dem Hashtag #wouldntchangeathing gedeelt a soll op den Welt-Down-Syndrom-Dag den 21. Mäerz opmierksam maachen. De Clip weist 50 Persounen – vum Bebe bis bei den Erwuessenen -, déi all dat maachen, wat se gäre maachen.

Ziel vun der Aktioun ass et ze weisen, wéi Mënschen mat Down-Syndrom d‘Liewe geneesou genéisse wéi all déi aner och.