Scho laang steet den Online Ticket-Service Viagogo an der Kritik. Elo gëtt neien Drock op d’Säit gemaach.

Di britesch Regierung warnt ganz offiziell virdrun, Ticketen bei Viagogo ze kafen, well si vill ze deier oder souguer ongülteg verkaaft ginn. Virdrun gouf de Bedreiwer vum Site scho beschëllegt, Ed Sheeran Fans belunn a wichteg Informatiounen zréck gehalen ze hunn, zum Beispill dass et personaliséiert Ticketen sinn, wat dozou féiere kann, dass Keefer net an d’Concertshal era gelooss ginn.

Nodeems di britesch Regierung elo ganz offiziell viru Viagogo gewarnt huet, bleift ofzewaarden, op och aner Länner an Europa reagéieren.