Wärend Museksvideoen normalerweis am Breetbildformat opgeholl sinn, geet d'Lena een anere Wee.

De Clip ass - ganz smartphonegerecht - komplett am héije Format opgeholl. An de Video zum Lied „Don't lie to me“ geet nach méi wäit – an zwar daucht de Spectateur quasi am Lena säi fiktive Smartphone an.

D‘Lena wëllt mat dësem Video weisen, wat lass ass bei senge Fans. Hatt weess, dass vill vun hinnen ee groussen Deel vun hirer Zäit um Smartphone verbréngen. Dowéinst kréien si de Video esou zerwéiert, inklusive der Opfuerderung, vläicht manner krass um Handy ze hänken.

View this post on Instagram

I shot a vertical video for @lenameyerlandrut !

A post shared by Paul Ripke (@paulripke) on