D’Ariana Grande ass mat senger aktueller Single „7 Rings“ op Plaz 1 vun de Billboard Charts. Vill méi räich gëtt hatt mat deem Lidd awer net.

Den Hit „7 Rings“ brécht zwar all Rekorder- verdéngen wäerten un der Single awer aner Leit. Wéi d’New York Times elo mellt, ginn 90% vun den Tantiemen un 2 Songwriter, déi scho laang dout sinn. De Richard Rodgers an den Oscar Hammerstein.

„7 Rings “ ass deemno eng nei Interpretatioun vum Stéck  „My Favorite Things”, wat den Duo am Joer 1959 fir ee Musical komponéiert hat. Well di Songwriter net méi liewen, ginn d’Suen elo un d’Editiounshaus wat d’Rechter un hire Wierker geierft huet.