Et ass déi 12. Editioun dëst Joer vum Festival "On Stéitsch" den 21. September an de Rotonden. Bis den 1. Mee kann ee sech fir de Festival umellen.

Kuerz no der Schoulrentrée ass de „Festival On Stéitsch“ de Rendezvous vu jonken Talenter, sief et am Beräich Musek, Danz, Sport oder enger anerer Leidenschaft. Op e puer Bühne kënnen di Jonk sech och dëst Joer dem Public presentéieren.

De Festival ass den 21. September um Site vun de Rotonden zu Bouneweg. Wie mat dobäi wëll sinn, soll bis spéitstens den 1. Mee seng Kandidatur eraschécken.

Weider Detailer fannt dir hei: