Haut ass den internationalen Dag géint Rassismus, och Die Toten Hosen engagéiere sech.

Die Toten Hosen setze sech zesumme mat der Associatioun „Pro Asyl“ géint Rietsextremismus an. Wärend hirer „Laune der Natur“-Concertstournée huet d’Band ënnert dem Motto „Wir geben keine Ruhe- gemeinsam gegen Rassismus“ am ganzen 40.000 Ënnerschrëften gesammelt.

Si fuerderen, dass d‘Politik sech méi aktiv géint rassistesch Stëmmungen a géint Flüchtlingsfeindlechkeet engagéiert. Haut hunn d’Museker d‘Lëscht un d‘Claudia Roth, Vizepresidentin vum däitsche Bundestag, iwwerreecht.