Nieft dem Jennifer Lopez wäert och d’Rapperin Cardi B am Film „Hustler“ eng Roll iwwerhuelen.

Schonn am August gouf annoncéiert, dass d’J. Lo d’Haaptroll am Film „Hustlers“ konnt ofraumen. Elo gouf bekannt, dass och d’Rapperin Cardi B hei wäert als Stripperin ze gesi sinn.

Wéi d’Realisatrice Lorene Scafaria erkläert, baséiert de Film op enger richteger Geschicht. Iwwerdeems sech d’Geschäftsleit vun der Wall Street an de Strip-Clubs ameséiert hunn, hunn d’Stripperinen ee Plang ausgeschafft, fir dësen Hären zéngdausenden Dollar ofzeknäppen a sech domat aus dem Stëpps ze maachen.

Am Mee fänken d’Dréiaarbechten un, 2020 kënnt de Film an de Kino.