De Line-Up vum Woodstock 50 gouf annoncéiert- vill Fans sinn awer guer net frou.

De Woodstock vun 1969 huet deemools dat bescht versammelt, wat d’Popmusek ze bidden hat. Elo gouf de Line Up vun der 50. Gebuertsdagseditioun annoncéiert. Vill Fans sinn awer enttäuscht. Zwar sinn och e puer Kënschtler vum Original-Festival wéi Santana mat dobäi, allerdéngs ginn och Acts wéi Miley Cyrus an Jay-Z als Headliner ugekënnegt, dofir hunn d0dans an de sozialen Netzwierker kee Verständnis.Weider Kritik gëtt un den Ticketspräisser, 18 Dollar hat de Woodstock Festival am Summer 1969 kascht. Dëst Joer sinn se fir 800 Dollar ze kréien,

De Woodstock 50 ass vum 16.-18. August zu Watkins Glen am Bundesstaat New York. Et ginn 100.000 Visiteuren erwaart.