Camila Cabello, Rita Ora, Jennifer Lopez – si an nach anerer sinn am Maroon 5 Video "Girls Like You" ze gesinn. Kee Wonner dass de Video vill geklickt gëtt

Am ganzen hunn all Persounen, déi am Video optauchen, méi wéi 500 Milliounen Follower an de sozialen Netzwierker. Gutt gelaunt danzen a sangen Staren wéi Rita Ora an Camila Cabello sech duerch de Song.

Resultat: Bannent manner wéi 10 Méint gouf de Video méi wéi 2 Milliarde Mol geklickt: Maroon 5 soen de Fans elo an engem Instagram Post Merci dofir.