De Michael Jackson soll trotz Mëssbrauchsvirwërf an der Rock and Roll Hall of Fame bleiwen.

De verstuerwene King Of Pop gouf souguer 2 Mol an d’Hall Of Fame opgeholl- 1997 mat den Jackson 5 an 4 Joer méi spéit als Solokënschtler Des Éier soll him trotz Mëssbrauchsvirwërf net ewech geholl ginn. Wéi et heescht, gouf de Museker nämlech fir seng musikalesch Meeschterleeschtung a fir säin Talent ausgezeechent. An anere Wieder: Hien hätt d’Musek fir ëmmer verännert, sou de Statement. Mam selwechten Argument sollen d’Michael Jackson Figuren  iwwregens och am berühmten Madame Tussaud Cabinet net ewech geholl ginn,