Haut den Owend - ee weideren Top Concert um Hitradio zu Lëtzebuerg! Dës Kéier: Passenger!

11 Méint am Joer ass de Mike Rosenburg de Passenger! Den 12. Mount hëlt hien sech fräi! Wann hie vum Passenger schwätzt, da mengt hien domat net sech, mä seng Band an hier Musek. Et geet him net ëm d'Berühmtheet an dorëms riseg Halen ze fëllen, et geet him ëm dat, wat a senge Lidder stécht. E Concert am klenge Krees ass doduerch och vill méi intim! E Beweis wäert et den 20. Abrëll ginn, da kënnt de Passenger zréck op Lëtzebuerg, an den Atelier. Dee Concert ass Ausverkaf, ma dir kritt eng 2. Chance de 34. Järege Live ze erliewen, dëse Mëttwoch Owend am Eldo Live vun 22h00 un.

Am Mäerz virun 2 Joer stoung de Museker mat der onverkennbarer Stëmm zu Boston am House of Blues op der Bühn. Et war keen all ze laange Concert, ma e richteg Gudden. Den Eldo presentéiert Iech am Kader vum Eldo Live vum Mount Mäerz e Speed-Date vu knapp 50 Minutte mam Passenger. Et ass e Concert deen et a sech huet an deen ee net verpasse sollt. Natierlech si seng bekannte Songs "Let Her Go" an "Anywhere" mat op der Setlëscht. 
 
Erlieft de Passenger live bei eis am Programm: Haut den Owend vun 20h00 un um Eldo, a via Livestream op eldo.lu an an der App.