D‘Jennifer Lopez huet mam Rapper French Montana eng nei Single opgeholl.

D‘Lidd heescht „Medicine“ a soll de 5. Abrëll eraus kommen. Op Instagram huet d’Sängerin e Bild dozou gepost - a schreift hatt kéint et kaum erwaarden, bis d’Lidd eraus kënnt. Och de French Montana huet d’Foto gedeelt. Et ass net déi éischt Kollaboratioun tëscht dem Rapper an der Sängerin. 2014 haten si schonn um  Track „I Luh Ya Papi“ zesumme geschafft.