D’Kelly Clarkson ass net just déi éischt Gewënnerin vun der Castingshow “American Idol”, mee produzéiert elo och seng eegen Talkshow.

Den 9. September 2019 wäert d’Kelly Clarkson eng éischte Kéier live op Sendung sinn. De Moment schafft hatt grad um Konzept vu senger éischter eegener Talkshow. Wéi d’Produzenten vun der Show verroden hunn,  soll et eng Emissioun ginn mat ville prominenten Invité’en spontanen Iwwerraschungen a gudder Musek.