Den 3. November ginn d’MTV Europe Music Awards verdeelt- elo steet och fest a wéi enger Stad.

Di nächst MTV Europe Music Awards ginn op en neits a Spuenien verdeelt. No Bilbao d’lescht Joer  gëtt den Event dëst Joer zu Sevilla ofgehalen. Dat huet den amerikanesche Mediekonzern Viacom matgedeelt, zu deem MTV gehéiert. Vun do aus gëtt d’Präisverdeelung an 180 Länner iwwerdroen. Et ass déi éischte Kéier dass d’MTV Europe Awards 2 Mol hannerteneen am selwechte Land organiséiert ginn.

Grouss Gewënnerin 2018 war d’Camila Cabello, wat gläich 4 Präisser ofgeraumt huet.