Den Toten Hosen-Sänger Campino huet di britesch Staatsbiergerschaft ugeholl.

Et gëtt villes, dat de  Campino vun den Toten Hosen mat Groussbritannien verbënnt. Seng Mamm staamt aus England, hien ass Fan vum  FC Liverpool an natierlech vu britescher Punkmusek. Elo huet hien och nach de britesche Pass. Dat mellt de briteschen Ambassadeur Sebastian Wood zu Berlin a schreift op "Twitter" mat Uspillung op den Hosen-Song „Tage wie diese“: „An Tagen wie diesem liebe ich meinen Job. Ich hatte heute das Vergnügen, die Einbürgerungsfeier für meinen Freund und nun auch Landsmann #Campino vorzunehmen! #Freundship.“ 

Firwat de Campino grad elo déi britesch Staatsbiergerschaft ugeholl huet, ass net bekannt. Hien huet sech dozou nach net geäussert.