Den Avicii huet sech den 20. Abrëll 2018 d’Liewe geholl. Seng Famill huet elo zu sengen Éieren eng Stëftung gegrënnt.

D’Stëftung  gouf no sengem biergerlechen Numm „The Tim Bergling Foundation“ benannt a soll op sengem éischten Doudesdag d’nächste Mount lancéiert ginn.

De Fokus leit dorops, Mënschen an Organisatiounen z’ënnerstëtzen, déi am Beräich vu mentale Krankheeten an Suicide-Preventioun schaffen. Doriwwer eraus geet et awer och Themen wéi Klimawandel, Natur- an Déiereschutz.