Den Justin Bieber huet eng musikalesch Paus ugekënnegt. Hien wëllt sech an éischter Linn op seng Gesondheet a seng Famill konzentréieren.

Dat heescht: Den Justin Bieber wäert an nächster Zäit keng Musek maachen an och net op Tour goen. Een neien Album, op dee vill fann gehofft haten, dierft et also sou bal net ginn. An der lescht hat de Sänger jo ëmmer nees iwwert seng psychesch Problemer geschwat. Déi wëllt hien elo an de Grëff kréien, ausserdeem Zäit mat senger Fra verbréngen a eventuell eng Famill grënnen.  Mee d’Fans kënne berouegt sinn, Ganz aus dem Museksbusiness zréck zéien wëllt hien sech net.