Eng kriminell Vergaangenheet war am Musek-Business nach ni een Ausschlosskritère. D’Cardi B muss sech elo allerdéngs dofir rechtfäerdegen.

Di exzentresch Grammy-Gewënnerin hat et virun hirer grousser Carrière fauschtdéck hannert den Oueren. An engem Video gëtt d’Cardi B elo zou, dass hatt fréier als Stripperin geschafft huet. Hatt ass mat Männer an een Hotelszëmmer gaangen, huet si ënner Drogen gesat an hinnen dann hir Saachen geklaut.

Wéi d’Sängerin behaapt, hat si keen anere Choix. D’Cardi hätt am Liewen ni eppes geschenkt kritt.

Di meescht Fans weisen sech op Twitter allerdéngs vun dëser Beicht zimlech geschockt.