Si hunn de volle Präis bezuelt, kruten awer just di hallef Leeschtung. Dat ass enger Rei Fans op engem Bryan Adams Concert geschitt

Ongewollt goufen Spectateuren Affer vun dëser Ongerechtegkeet. Si hunn d’Show vum Kanadier nämlech schonn an der Halschent verlooss- an zwar well si gemengt hunn, de Concert wier eriwwer.  Dobäi huet den Bryan Adams d’Optrëtter vu senger aktueller „Shine a light“-Tour an 2 Deeler opgebaut. Deen éischten Deel mat alen Hits, deen zweeten mat neie Songs.  Des Info haten verschidden Zuschauer zu Melbourne awer wuel net matkritt.