Rammstein si bekannt dofir, dass si mat hire Videoen provozéieren. An hirem neiste Clip sinn si als KZ-Prisonéier verkleet.

Et ass ee Clip vu 35 Sekonnen, an deem Rammstein als KZ-Prisonéier verkleet op enger Plaz stinn. De Sänger Till Lindemann blutt aus enger Wonn iwwert dem rietsen An. Dëse kuerzen Extrait soll bewosst provozéieren – d‘Band wëllt domat Opmierksamkeet fir hiren neien Album erreechen. Et ass net fir d’éischt dass Rammstein mat engem Video polariséieren. Schonn 1998 gouf d‘Band verdächtegt, rietsradikal Tendenzen ze hunn. An hirem Museksvideo „Stripped“, ee Cover vun der Band  Depeche Mode, hu si Zeenen aus dem deemolegen Nazi-Propagandafilm "Olympia" benotzt.

Mat hirer neier Provokatioun dierften Rammstein fir vill Leit eng Grenz iwwerschratt hunn. D‘Reaktiounen vu Politiker, jiddeschen Associatiounen an Historiker sinn op alle Fall all negativ. „Ween den Holocaust zu Marketingzwecker mëssbraucht, handelt verwerflech an onmoralesch", esou d‘Kritiker.