Säi Song „La Bicicleta" soll d’Shakira geklaut hunn. Um Geriicht zu Madrid huet hatt d’Virwërf elo zeréckgewisen. Mat engem ganz speziellen Optrëtt…

Ee kubanesche Kënschtler hat d’Shakira beschëllegt, de Refrain vu sengem Hit „Yo te quiero tanto“ vun 1997 iwwerholl ze hunn. D’Sängerin huet de Virworf géintiwwer der Justiz dementéiert. Fir seng Ausso ze renforcéieren huet d’Shakira spontan een Extrait vum Lidd zum beschte ginn. Elo bleift ofzewaarden, ob dat d’Riichter iwwerzeegt huet.

D’Shakira huet awer nach weideren Ierger mat der Justiz. Am Juni muss hatt sech wéinst presuméierter Steierhannerzéiung veräntweren- dann wuel ouni Gesangsprouf.