D’Jonge vu Panic! At The Disco hu mat hirem Hit “High Hopes” e Rekord opgestallt.

De Song "High Hopes" ass schonn den 23. Mee 2018 eraus komm, hält sech awer ëmmer nach un der Spëtzt vun den Charts. Dat mellt de "Billboard"-Magasinne. Fir genee ze sinn, huet den Titel et an der 15. Woch hannerteneen op Plaz 1 vun de Radio-Airplay-Charts gepackt. Domat hält sech de Song esou laang op Plaz 1, wéi keen anert Lidd an de leschten 10 Joer. Virdrun hat de "Maroon 5"-Song "Girls Like You" zesumme mam Cardi B dëse Rekord gehalen. Elo hu Panic! At The Disco si ofgeléist.