Nodeems den John Legend mat senger Fra Crissy Teigen glécklech ginn ass, wëllt hien an enger neier Datingshow aner Singelen zesumme bréngen.

Wéi d’Zeitung „Variety“ wëllt eraus fonnt hunn, huet den John Legend de Skript vun enger neier Dating-Show opgestallt a mat engem kreativen Team schonn eng éischt Test-Editioun gedréit. An der Emissioun wëllt den John Legend musikalesch Singelen zesumme bréngen, déi zesummen eng Ballade mussen produzéieren an eng kredibel Performance ofhalen.  Des Koppelen liewen an üben am Kader vun der Show zesummen, an trieden géint aner Kandidaten un. Sollt et tëscht de Kandidaten net funken, dann kann d’Jury d’Partner tauschen a sou fir di néideg Spannung suergen.

Dem John Legend seng eege Produktiounsfirma „Get Lifted Film Co.“ soll fir d’Show responsabel sinn. Wéini d’Diffusioun ass, steet nach net fest.