Fans vum Prince kënne sech freeën. Nach dëst Joer sollen dem Museker seng Memoiren eraus kommen.

Schonn am Mäerz 2016 war ee Buch geplangt, de Prince hat souguer selwer dru geschafft, bis hien ee Mount méi spéit gestuerwen ass. 50 Säiten hat de Museker nach geschriwwen. Dat ganzt Wierk soll elo 288 Säiten hunn. Heirobber ze fanne sinn Extraiten aus Notizbicher, seele Fotoen an handgeschriwwe Bréiwer. Den 29. Oktober soll d’Buch eraus kommen.