De Khalid kann zu Recht stolz op sech sinn: Dem Sänger ass an den amerikaneschen Charts eppes gelongen, wat virdrun nach kee fäerdeg bruecht huet.

Wéi de „Billboard Magazine“ mellt, besetzt de Museker dës Woch all eenzel Plaz vun den Top 5 an den R’n’B Charts. Sou ass beispillsweis seng Single „Better“ op Plaz 1, virun „Talk“ op der 2, an „My Bad“ op der 3. De Khalid seet de Fans via Twitter Merci dofir. Den talentéierte Museker kënnt dëst Joer jo och fir eng éischt Show op Lëtzebuerg- Sonndes de 6. Oktober an d'Rockhal Box.