D’Adele huet sech no 7 Joer vu sengem Mann Simon Konecki getrennt. D‘Scheedung kéint fir d’Sängerin deier ginn.

Medieninformatiounen no sinn déi 2 zanter 3 Joer bestuet- an et gëtt leen Kontrakt. Dofir kéint de Geschäftsmann d’Halschent vum Adele sengem Verméigen zougesprach kréien. An dat ass net wéineg, schreift di britesch Zeitung "Mirror". Deemno soll d’Adele e Verméigen vun  167 Milliounen hunn.

D‘Adele an de Konecki waren zanter 2011 eng Koppel an ee Joer méi spéit koum hire gemeinsame Bouf  Angelo op d‘Welt.