De Rapper hält neierdéngs net just seng eege Massen of, hie mécht mat sengem himmlesche Merchandise och richteg gutt Suen...

Schonn zanter e puer Sonndeger organiséiert de Rapper Kanye West, dee méi dacks duerch skurril Aussoen oder ongewéinlech Aktiounen opfält, Massen. Do performed hien da Songs wéi "Jesus Walks", "Ultra Light Beam" oder "Reborn" an enger Zort Gospel-Versioun.

Deslescht hat hien esou eng Performance um Coachella-Festival, op deem hie fir eng Mass um Ouschtersonndeg gebucht gouf. Säi Gottesdéngscht koum esou gutt un datt eng sëllech Mënsche fréi opgestane sinn an bis bei d'Sessioun gepilgert sinn.

De Kanye selwer huet sech mat där Aktioun net just en Dram erfëllt an dem Härr gedéngt, hien huet och gutt dovu profitéiert andeems hien seng nei Merchandise-Wueren released huet. Kuerz nom Optrëtt huet hien seng Kollektioun annoncéiert an d'T-Shirts, Hoodies, Ponchos a Strëmp am gëttleche Style presentéiert. Fir dësen himmlesche Lifestyle sollt een allerdéngs net ze knéckeg sinn, e Ponchos am Kommiounslook kascht hei 75 Dollar, wärend ee fir d "Church Socks" an d "Walk Jesus"-Strëmp 50 Dollar op den Dësch leeë muss.