Et hätt e Coachella-Highlight kënne ginn, ass awer séier an Enttäuschung ëmgeschloen - De Sänger hat op der Bühn op Playback am Plaz Live-Optrëtt gesat...

Wärend sengem Optrëtt um Coachella-Festival hat d'Ariana Grande iwwerraschenderweis den Justin Bieber op d'Bühn geholl. Deen huet allerdéngs net live gesongen, mee just seng Lëpsen zu der Musek beweegt. Dat huet natierlech séier fir Enttäuschung bei de Fans gesuergt. Elo huet d'Sängerin selwer sech awer zu Wuert gemellt an de Popstar verdeedegt.

Den Iwwerraschungsoptrëtt vum Bieber war nämlech net nëmme fir de Public eng Iwwerraschung, wéi d'Sängerin betount war et och fir déi zwee Museker eng ganz spontan Aktioun. Just e puer Minutte virun der Performance gouf dëst decidéiert: "Mir haten 0 Soundcheck, 0 Prouwen", esou d'Ariana Grande. D'Sängerin erkläert dëst net just senge, respektiv dem Justin Bieber sengen, Fans, et riicht seng Wieder och direkt un de Popstar: "Du hues mat dem Song am Hannergrond gesongen, wéi déi meescht Cameos et maachen, D'Léit si gelangweilt. Déi wësse guer net, wéi et ass, ënnert esou engem Drock ze stoen. D'Welt war glécklech, dech nees op der Bühn begréissen ze dierfen."

Tatsächlech war de Gaascht-Optrëtt vum Bieber beim Coachella eng Zort Mini-Comeback. An der leschter Zäit huet hie sech jo net méi ëm seng musikalesch Carrière gekëmmert a sech léiwer aus der Ëffentlechkeet zréckgehalen. Villäicht war et dem Ariana Grande grad dowéinst esou wichteg d'Situatioun ze erklären a säi Kolleg aus dem Museksbusiness ze verdeedegen.