Nodeems scho Promie wéi d'Cardi B an J. Lo Rolle konnten ergatteren, kritt elo och d'Lizzo seng éischt grouss Roll um groussen Ecran.

Nodeems am August bekannt gemaach gouf datt d'J. Lo d'Haptroll am Film "Hustlers" konnt ofraumen a viru ronn engem Mount annoncéiert gouf datt och d'Cardi B hei als Stripperin wäert ze gesi sinn, ass elo eng weider Musekerin Deel vum héichkarätege Cast: D'Lizzo.

D'Interpretin vun "Juice", déi dës Woch mat hirem aktuellen Album "Cuz I Love You" am Eldo Album Check ass, huet heimat déi éischt grouss  live-Action Filmroll a sengem Liewen ergattert.

Am Mee fänken d’Dréiaarbechte vun der Geschicht iwwer Stripperinnen un der Wall Street un, 2020 kënnt de Film an de Kino. Weider Schauspiller, déi bis elo fir de Film confirméiert si sinn ënnert anerem Stars wéi d'Julia Stiles, Lili Reinhart vu "Riverdale" a Keke Palmer.