Kee Song gouf esou dacks mat Shazam gesicht wéi "Jenny of Oldstones", dat wéinst der aktueller Game of Thrones-Episod.

4 Joer laang huet d'Adele mat "Hello" de Rekord vum meescht gesichte Song op Shazam gehalen, dee gouf deemools innerhalb vu 24 Stonnen 200.000 Mol mat der App opgeholl. D'Konzept ass ganz einfach: mam Smartphone hëlt een an der App e puer Sekonne vun engem onbekannte Lidd op an d'Sichfunktioun späizt engem direkt en Titel an Interpret eraus.

Elo gouf dëse Rekord geknackt an zwar vun der Band Florence & The Machine an hirer Interpretatioun vun der Game of Thrones-Ballade "Jenny of Oldstones", déi an de Credits vun der leschter Episod gelaf ass. Innerhalb vu 24 Stonne gouf de Song 300.000 Mol iwwert d'App gesicht.

Datt Florence & The Machine e Feature an der Kultserie wäerten hu war am Virfeld net bekannt, kee Wonner also datt Fans op eemol alleguerte wësse wollte wie sech hannert der Stëmm vum Ofspann verstoppt.