13 Deeg virum Release hat d'Sängerin e Countdown fir den Track "Me", zesumme mam Panic! At The Disco-Frontmann, lancéiert.

Viru genee 13 Deeg hat den US-Superstar Taylor Swift e Countdown gestart fir de Release vu sengem neie Song "Me" ze teasen. Dëse Freiden, de 26. Abrëll war et dann esou wäit an d'Kollaboratioun mam Panic! At The Disco-Frontmann Brandon Urie gouf verëffentlecht.

Och de Museksvideo ass direkt released ginn an iwwerrascht mat engem franséischen Dialog am Ufank vum Clip, esou wéi enger faarweger Visualisatioun an opwännege Choreographien. No 4 Stonnen hat de Video schonn iwwer 17 Millioune Views op YouTube.