Krankheetsbedéngt muss de Popstar direkt e puer Optrëtter ofsoen, an dat net fir d'éischte Kéier...

De britesche Museker Sam Smith huet schonn zanter 2015 Problemer mat senge Stëmmbänner, deemools gouf hien operéiert a konnt ganzer 3 Woche net schwätzen. Seng Tour hat en doropshi missen ofsoen, duerno ass et dem "Money On My Mind"-Interpret awer nees besser gaangen an e konnt sech nees op seng Musekskarriäre konzentréieren.

Elo, knapp 4 Joer no der Operatioun, schéngen déi selwecht Problemer en awer nees anzehuelen. Wéinst enger Erkrankung un de Stëmmbänner misst hien nees eng Paus maachen, "dem Sam seng Doktere roden him un, sech weiderhin auszerouen", esou heescht et an de sozialen Netzwierker.

D'Performance zu Kapstad gouf dowéinst souguer ofgebrach a weider Concerte wéi den Optrëtt bei der Formel-1-Course a bei de Billboard Music Awards nächst Woch goufen ofgesot.