Wärend 2 Weekender am Juli ass an der Belsch eng weider Editioun vum legendären Tomorrowland-Festival. Haut goufen weider Kënschtler ugekënnegt.

Wéi d‘Organisateuren confirméiert hunn, wäerten The Chainsmokers, Tiesto a Martin Garrix hei optrieden. Freeë kann ee sech ausserdeem op Optrëtter vum Oliver Heldens, Alesso, Nicky Romeo an Armin van Buuren. Et ass di 15. Editioun vum Tomorrowland di lescht 2 Weekender am Juli. Iwwer 400.000 Visiteuren ginn erwaart.