De berühmte Coachella-Festival an der kalifornesch Wüste war wärend 2 Weekender am Abrëll. Net all Visiteur wäert awer just positiv Erënnerungen dorun hunn

De Festival stoung nämlech am Schiet vun engem Herpes-Skandal. Dat schreift den OK! Magasinne a bezitt sech op Informatioune vun "HerpAlert". Wéi d‘Online-Plattform mellt, goufen d‘Experten schonn no den éischten 2 Concertsdeeg mat 250  250 Fäll konfrontéiert. Am ganze gouf et um Coachella-Sitte ronn  1.100 Herpes-Patienten an zwou Wochen.

Bei "HerpAlert" kënne Betraffener Biller un d‘Online-Praxis schécken a kréie séier e Rezept ausgestallt. Dozou heescht et: „Normalerweis loosse sech 12 Mënschen den Dag online duerchchecken. Wärend dem Coachella waren et der 20 Mol méi“.