Di nei Madonna Single „Medellin“ huet et net an de britesche Radiosprogramm gepackt.

Dee legendäre britesche Sender „BBC Radio 1“ wäert di nei Madonna-Single net spillen, Wéi ee Porte-Parole matdeelt géing den Titel net den Erwaardunge vun hiren Nolauschterer entspriechen. Aner Critèren hätte keng Roll gespillt. Verschidden Insider mengen allerdéngs, dass d’Madonna am Museksbusiness keng grouss Roll méi spillt.

D’Madonna selwer gesäit dat awer ganz anescht a preparéiert de Moment seng grouss Live-Show bei de Billboard Music Awards zu Las Vegas. Wéi et heescht, wéilt d’Madonna dass deen Optrëtt fir seng Fans een onvergiesslecht Erliefnis gëtt.