D’nächst Joer soll eng offiziell Biographie iwwert dem Avicii säi Liewen eraus kommen. Dat huet dat zoustännegt Editiounshaus matgedeelt.

De schwedeschen DJ war den 20. Abrëll  2018 am Alter vun 28 Joer dout opfonnt ginn. Aus der Autopsie ass ervir gaangen, dass hien sech d’Liewe geholl huet. De renomméierte schwedesche Journalist Mans Mosesson soll d’Biographie schreiwen. Am Fokus soll souwuel dem Avicii seng musikalesch Visioun stoen, wéi och all d’Problemer déi hien a sengem Liewe hat. D’Recetten sollen un eng Fondatioun goen, déi sech fir Suicidpreventioun asetzt.

Ufank Abrëll war och bekannt ginn, dass den neien Album „TIM“ de 6. Juni eraus kënnt. Di éischt Single aus dem Album, „SOS“ zesumme mam Aloe Blacc, klasséiert sech de Moment a Schweden op Plaz 1 vun den Charts.