Wéi 2 Biller op Instagram beweisen, schaffen den Ed Sheeran an den Justin Bieber un engem gemeinsamen, geheime Projet.

Den Justin Bieber huet viru kuerzem ugekënnegt, dass hien un engem neien Album schafft . Seng Fans freeë sech zënterhier iwwer all Detail, deen via social Medien un d’Ëffentlechkeet kënnt. Séier hunn si eraus fonnt dass den Justin Bieber schonn mam Ed Sheeran ee Lidd opgeholl a éischt Promo-Biller gemaach huet. Dat op mannst gesäit een wann ee sech d’Instagram-Postings vu béide Kënschtler ukuckt a vergläicht.

Dass den Justin an den Ed zesumme Musek maachen, ass iwwregens net déi éischte Kéier. Schonn 2015 hunn di 2 Museker op der Single „Love Yourself“ zesumme geschafft .