Et sollt ee Jubiläumsfest vum legendäre Woodstock-Festival vun 1969 ginn. Mee elo hunn d’Organisateuren de Festival ofgesot.

De geplangte Jubiläums-Festival“ nordwestlech vun New York ass annuléiert ginn. Nodeems schonn Optrëtter vu Staren wéi Jay-Z, Miley Cyrus a Santana ugekënnegt gi waren, hunn d’Organisateuren iwwerraschend ee Réckzéier gemaach.  Et wier net méiglech, een Event op d’Been ze stellen, dat dem Markennumm „Woodstock“ gerecht géing ginn an d’Sécherheet vu Kënschtler an Zuschauer géing respektéieren. Den amerikanesche Billboard Magasinne mellt iwwerdeems, dass e finanziell Problemer ginn hätt grad wéi Bedenken, dass dee geplangte Sitte déi erwaarten 100.000 Visiteuren net kéint ophuelen.

Am Mäerz haten d’Organisateuren de Line-Up virgestallt an dobäi och Optrëtter vun The Killers, Imagine Dragons an de Lumineers annoncéiert. De Virverkaf am August war schonn eemol verréckelt ginn an hat bis ewell nach net ugefaangen.