Hutt dir och heiansdo Problemer Owes anzeschlofen? Enger Etüde no kënne bestëmmte Lidder dobäi hëllefen.

Eng Analyse vun 20.000 Schlof-Playlëschten bei Spotify huet erginn, dass d’Musek vum Ed Sheeran am beschten dozou bäidréit, sech entspanen an anzeschlofen. Mat Lidder wéi “Perfect” “Photograph” an “Happier” leien gläich e puer vu sengen Hits am Klassement vun de beléiftsten Schloflidder wäit fir.

Mee net just den Ed Sheeran, och Coldplay, Shawn Mendes an Imagine Dragons hu mat hire Lidder ee grousst Aschlofpotential.

De Schlëssel zur Entspanung kéint dobäi den Akkord C-Dur sinn. Dee fënnt sech a ville vun hire Lidder erëm. Vergläichsweis onbeléift ass dogéint den D-Dur-Akkord.