Kierzlech gouf a Groussbritannien och eng Lëscht opgestallt mat de beléiftste Begriefnis-Lidder an och do ass den Ed Sheeran drop ze fannen.

Traditionell Lidder ginn net méi forcement op Begriefnisser verlaangt. Ëmmer méi ginn klassesch Hymnen  duerch modern Poplidder ersat. Dat weist eng nei Etüd mat där meescht gespillter Begriefnis-Musek 2019 a Groussbritannien. Mat sengem Titel „Supermarket Flowers“ huet zum Beispill den Ed Sheeran eng Plaz an dëser Lëscht fonnt, grad wéi „You Raise Me Up“ vun Westlife, an Angels vum Robbie Williams.  Un der Spëtzt vun der Lëscht ännert awer näischt. Zanter 2016 ass dem Frank Sinatra säi Klassiker „My Way“ op Plaz 1.

Top songs at UK funerals, 2019:

  1. My Way - Frank Sinatra (non-mover)
  2. Time To Say Goodbye - Andrea Bocelli and Sarah Brightman (non-mover)
  3. Over The Rainbow - Eva Cassidy (non-mover)
  4. Wind Beneath My Wings - Bette Midler (non-mover)
  5. Angels - Robbie Williams (re-entry)
  6. Supermarket Flowers - Ed Sheeran (new entry)
  7. Unforgettable - Nat King Cole (up three places)
  8. You Raise Me Up - Westlife (new entry)
  9. We’ll Meet Again - Vera Lynn (down three places)
  10. Always Look on the Bright Side of Life - Eric Idle, from Monty Python's 'Life of Brian' (down two places)